Et ass net ëmmer sou einfach eng Presentatioun iwwert sech selwer ze schreiwen, an do derbäi och nach Leit unzeschwätzen an déi als potentiellen Client ze gewannen. Mee loosst mech desst mol versichen 😉

Mäin Numm ass Deborah Heinen, hunn 25 Joer, wunnen am Süden vun Lëtzebuerg an ech representéieren „Passione“. Wei den Numm et schon seet, hunn ech eng grouss Passioun fir all Zorten vun Evenementer z’organiséieren. Fir dat ech des Passioun zu mengem Beruff maachen kann, war ech läscht Joer an Däitschland an enger Formatioun fir Hochzäitsdag- an Eventplaner. Ech sinn neemlech der Meenung dat dësen Beruff meng charakteristesch Eegenschaften wei d’Kommunikatioun, d’Reesen, Dekoréieren, d’organiséieren an mäin Humor perfekt matenee vereinbaart an ervirhieft. Fir dat en Event oder eng Hochzäit perfekt organiséiert ass an och sou oflafen soll wei geplangt, fleegen ech gudden Kontakt mat deenen verschiddenen Déngschtleeschtungen an sinn ëmmer erëm op der Sich no néien Ideen.
Ech hoffen dat ech Iech e bëssen virwëtzeg gemaach hunn an äert Interessen konnt erauskeddelen an freeën mech op eng gemeinsam Zesummenaarbecht.
Deborah