.

Ugefaangen mat engem éischten gratis Gespréich tëscht Client an Eventplaner bei deem een sech kenneléiert, weideren Beroodungsgespreicher fir déi verschidden Idéen an Virstellungen auszeschaffen bis hin zur Realisatioun vun ärer Hochzäit oder ärem Evenement. Ech begleeden Iech duerch déi ganz Planung an stinn zu ärer Dispositioun mat deenen verschiddenen Déngschtleeschtungen. Mäin perséinlecht Unlaien ass et eng Hochzäit oder en Evenement no ären Wënsch an ärer Zefriddenheet z’organiséieren. Dier sollt ee fir Iech perfekten Dag erliewen.

Meng Hochzäitsoffer ass an 3 Optiounen agedeelt. Natierlech kenn een awer och alles individuell auswielen an buchen.

Et ginn niewebäi och 2 Alternativen:

  • Location only: Ech proposéieren an weisen Iech 3 Locations no ären Kritären
  • Weddingday only: Ech plangen mat Iech den kompletten Dagesoflaf an wäert Iech op dësem Dag och zur Säit stoen an Iech begleeden.

Zousätzlech këmmeren ech mech och gären em déi komplett Dekoratioun.

GOLD

  • 5 Déngschtleeschtungen
  • 3 Locations no ärer Wiel
  • Koordinatioun an Präsenz den Dag vun der Hochzäit bis virum Iessen
  • Plangen vum kompletten Dagesoflaf

PLATIN

  • 8 Déngschtleeschtungen
  • 4 Locations no ärer Wiel
  • Koordinatioun an Präsenz den Dag vun der Hochzäit bis nom Iessen
  • Plangen vum kompletten Dagesoflaf

DIAMANT

  • All inklusiv
  • Dengschtleeschtungen an Locations sou vill die wellt
  • Koordinatioun an Präsenz den kompletten Dag vun der Hochzäit
  • Plangen vum kompletten Dagesoflaf
Ech organiséieren awer net nëmmen Hochzäiten, mee kenn och gären d’Organisatioun vun ärem Gebuertsdag, ärem Jonggesellenowend, engem Teammeeting, enger Betribsfeier, engem Babybash,.. iwwerhuelen. Bei Interessen, kennt dier Iech gären bei mir mellen.

PASSINE