Passione.lu
/

Weddings & Events  

 



 


Mäin Numm ass Deborah Heinen, ech sinn 29 Joer al, wunnen am Süde vu Lëtzebuerg an sinn d’Grënnerin vun Passione. Wéi de Numm et scho seet, hunn ech eng grouss Passioun fir Eventer mat all hiren Detailer z’organiséieren. Fir mäin Hobby zum Beruff ze maachen, hunn ech 2016 eng Ausbildung fir Hochzäits- an Eventplaner gemaach. 


Ech hunn meng Aarbecht immens gär well et onheemlech interessant ass nei Geschichten vun der Léift ze héieren, verréckte Feieren ze erliewen an zesummen kreativ ze sinn. Ech benotze mäi Sënn vu Faarf, Stil an Iddie fir Dekoratiounen, déi gëeegent sinn fir all Brautkoppel an aner Feieren. 

Meng perséinlech Ambitioun ass ëmmer erëm nei Konzepter z'entwéckelen an ëmzesetzen fir en perfekt Evenement fir meng Clienten z'organiséieren an ze realiséieren, wou jiddereen sech fir eng laang Zäit drun arenneren wäert.

 
E-Mail
Anruf
Instagram